This was my Fifth RadioShow for 100k7
http://www.localhost.lu/audio/NeiTechnologien_ep5_201004xx_podcast.ogg
VoIP
Bonjour hei um 100komma7. Mäi Numm ass Steve Clement an begleeden iech während 25 Minutten duerch d'Welt vun den néien Technologien.
D'Thema vun haut ass Voice over IP oder och Internet Telefonie genannt.
Den Telefon gëtt et scho laang. Mä d'Faszinatioun fir op distanz sech mat ze deele kann een esou frei wei 968 no Christus zeréck verfolgen. Schon do huet ee Chinesechen Erfinder sech iwwerluet wei een seng Stëmm iwwer länger distanzen, deemols e puer 10 meter, iwewrdroen kann. Seng äntwert war banal an awer fir deemools revolutionär: ee rouer Ann esou ee spriech tube konn een op der enger säit era schwätzen an op der anerer Säit no lauschteren. Dëst huet natierlech ëmmer nëmmen ee Wee fonktioneiert. Erstaunlecherweis gëtt dës „Technologie“ haut des Dags nach op verschidednen scheffer benotzt wou een dann och de prinzip vum „never change a running system“ erëmgesäit.
Allerdéngs wär et 1876 dem Graham Alexander Bell während enger vun sengen Telefons demonstrtiounen net an de Sënn komm dass mer haut alleguerten um Internet gläichzäiteg zu puer Leit an esou genannten telefon konferenzen sinn.
D'Idee vum kommunizeiren iwwer internet war eng vun den éischten fiirwat et iwwerhaapt erfonnt ginn ass. Dass mer elo ëmmer méi och den Telefon quasi iwwer eis internet Leitungen lafen loossen ass eng logesch Konsequenz. Dobäi ass dësen Modernen usaatz un sech näischt esou Spezielles.
D'Telefonsgeräter gesinn nach ëmmer d'nämlecht aus an d'Telefons nummeren kann een och nach ëmmer antippen.
Den grondlegenden Ënnerscheed ass, mir verbinden dësen telefon elo net méi mat eiser Telefons Stéckdous, sondern Direkt mat eisem Internet, respektiv eisem Internet Router.
Voice over IP ass elo näischt esou neies. Den Georges Closen deelt seng erfahrungen iwwer d'Joren bei der Post.
CLOSEN
Wann mer eis elo d'entwecklungsgeschicht vum VoIP ukcuken dann bemierkt ee schnell das et net esou eppes „brand neies“ ass, sondern ee langen effort fir eis Sproch iwwer laang distanz ze digitaliséieren.
1973 fennt am ARPANET (den ufank vum Internet) dei eischt iwwerdroung vun Digitaler Sprooch statt. Do ass op engem PDP-11 Rechner mettels dem Speziell heifir entweckelten Protokol: “Network Voice Protokoll » dei eischt sprooch vu computer zu computer gescheckt ginn
1977 get desen Protokol an der RFC 741 beschriwwen. Dës RFC och “Request For Comments” genannt, sinn Technesch beschreiwungen wou am ufank vun enger nei-entwecklung d'Internet communauteit em root gefroot gett an duerno et ee standard vun enger technologie beschreift. Den numm bleift allerdengs emmer als RFC xyz bestoen.
1980 ass dann wuel den enscheedensten schreet gemeet ginn. An der RFC 791 get den IP definéiert. IP Steet fir Internet Protokoll an ass dei technech Basis vum Internet wei mer et all kennen an folgelech och vum Voice over IP. Ausserdeem as 1980 dei eischt ITU empfehlung fir ISDN bekannt ginn.
1989 Ass duerch breet-flaegeg affeieren vum ISDN eng besser sprooch qualiteit op der leitung erzilt ginn an ausserdeem ass kann bei deser digitaler technologie pro kanal 64kbit/s iwwerdroen ginn.
De World Wide Web ass och am joer 89 um CERN an der Schwäiz vum Tim Berners-lee entweckelt ginn. Den Berners Lee huet dunn den HTML am Kader vun enger Kommunikatioun verbessernug erfond an quasi ass de WWW als accident dobäi eraus komm.
1995 huet eng Israelesch software firma den eischten “SoftPhone” entweckelt. Hei konnten gespreichs partner oofwiesselend mateneen schwätzen ähnlech wei bei engem Walkie Talkie. Dest oofwiesselnd schwätzen kann een och Hallef Duplex modus nenne. En groussen nodeel vun deser software war dass ee nemmen mat hierem programm konnt telefonneieren an d'toun qualiteit war schlecht.
1996 huet apple mat hierem QuickTime Conferencing et ermeiglecht Toun esou wei Bild ze iwwerdroen, an daat am Voll Duplex modus dass ee quasi Zäit glaich konnt mateneen schwätzen an sech gesinn.
1998 Verabschied ITU-T- de Standard H.323.
1999 Get an der RFC 2543 den SIP defineiert.Dest as den Session Initiation Protocol wat Momentan de Quasi Standard an der Voice over IP Welt ass.
2002 Get de SIP Protokol an enger neier RFC erweiderd. an 2004 Kennt skype op de Marche. An dat mat engem Proprietären Protokoll deen op der emstriddener Peer 2 Peer technik baseiert.
Mä och zu Lëtzebuerg hunn mer Voice over IP only Providers. 2008 ass déi nach Jonk Firma Mixvoip gegrënnt ginn an 2004 ass mat der Firma VoipGate ee vun deenen éischten voip providers un de Start gaangen. Wei sech elo esou eng Firma défineiert erklärt eis den Jorges Marques vun Voipgate:
MARQUES
Am Joer 1973 hate mer iwwerdroungs geschwindegkeete vun 3490 bit pro sekonn, wat ongefeier 1.5 Mega byte pro stonn ass. Haut hunn mer dat locker pro sekonn ofhängeg vun eiser Internet leitung. Dohier ass et och op den Breedband Internet Boom vun de leschten 5-10 Joer zeréck ze feieren dass mer ëmmer méi VoIP oder ähnlech Servicer heem kreie. Fréier war eben alles ze lues dass een et anstänneg benotzen konnt.
Wat bei den eenzelen VoIP endgeräter Interessant ass, et brauch ee mol keen neien Telefon ze kafen. Esou ginn et zum Beispill ADSL Router wou een Entweder een ISDN oder Analogen telefon uschloss intégreiert huet wou ee säin bestoenden Telefon kann uschleissen, an dësen dann iwwer d'Internet telefonéieren kann.
E puer vun den Avantagen erklärt eis elo den Marc Closen vun der Post.
VIIRDEELER Déi grouss viirdeeler de mer dobäi hunn sinn einfach. Well mer bei eisem Internet uschloss net méi pro minutt mä pro traffic verrechent ginn, ass desst oft vill méi belleg wei déi klassech telefonie. An wann déi persoun déi mer uruffen och VoIP huet musse mer kee Cent bezuelen well jo alles iwwer d'Internet leeft. Dat rechent sech natierlech am meechten wann vill mat entfernten länner kommnunizeiert.
Den aneren groussen fiirdeel ass déi weltwäit errechbarkeet mat lokalen nummeren. Heizou den marc Storck vun Voipgate.
En aneren viirdeel ass dee vun der Flexibiliteit. Eis Telefonsnummer kennen mer elo iwwerall do mat op d'rees huelen wou mer internet hunn. Eis fixe nummer op en Handy emleeden? Kee Problem! Fréier huet een dat jo mat engem krypteschen: #*27300*nummer# Bei voip geet dat an 2 klick am Internet.
Wann mer elo zum beispill ee wochenend-haus am eisleck hunn, brauch ech nëmmen eng ähnlech Voice over IP installatioun do ze hunn, an d'nummer bleift déi selwecht. Wat och flott ass, eng nummer kann direkt zäitglaich op e puer telefonen schellen. Net nëmmen praktesch fir betriiber mä och privat leit déi zum beispill zu hirem haustelefon ausserdeem den handy wëllen schellen loossen awer ëmmer nëmmen eng nummer hunn. De Loic Didelot.
LOIC simulring
Eng aner wesentlech verbesserung ass d'Faxen. Bei Voip muss ee net méi ee gerät hunn fir ee Fax ze emfaenken mä eng e-mail address geet duer. Wann elo op eng nummer vu senger waal ee Fax higescheckt gëtt dann vlitt deen direkt an en e-mail an mir kennen de fax bequem um computer liesen. Emgekeiert geet natierlech och, email op fax, oder wann mer eis net vun eisem geraet kennen trennen ass oft een 2ten agang beim ADSL Router do fir de fax och kennen un ze schleissen.
Eng aner neierung ass déi vum Softphone.
Ee Softphone ass e programm dee mer um Computer installeiert hunn an eis d'meiglechkeet gëtt doriwwer ze telefonéieren. Bei der Graphescher oberfläsch vum Skype kann een esou ee Softphone an aktioun gesinn. Mam groussen nodeel dass dësen nëmmen bei Skype fonktionéiert an mer net eisen provider kennen uginn.
Dëse Softphone huet dann meeschtens déi nämlecht fonktiounen wei ee „richtege“ telefon mat der enger oder anerer verbesserung. Esou kann ee zum beispill méi einfach bei engem softphone eng Video konferenz maachen. Oder sech eventuell eng Text datei schécken loossen. Esou softphones fënnt een dann och regelmeisseg op SmartPhones an aneren GSM Telefonen erëm, an suergen fir eng gewessen Polemik.
Wann mer natierlech schnellt internet op eisem Händy hunn, an mir kennen iwwer VoIP mat all de viergestallten firdeeler telefonéieren, fiirwaat soll ech weiderhinn iwwer dem Operateur säin netz fueren. Oder méi konkret: stellen mer eis ee flächen deckenden HotSpot Wireless fir. Do bräicht ee jo un sech keen GSM abbonement méi, well mer dat schnellt Internet un all eck emfänken. Obwuel dëst zukunfts visiounen sinn, déi wahrscheinlech an der enger oder anerer form wäerten antrieden, wieren déi meescht operateuren sech dogeint andeems se entweder:
Premium froen fir VoIP applikatiounen Voip applikatiounen boykotteieren sprëch direkt vun den Handyen eroofgeheien ODER den Ganzen VoIP Traffic aktiv blockeieren.
Technesch ass dëst blockeieren natierlech kee Problem mä well verschidden VoIP firmen viru Geriicht géint d'Operateuren gewonnen hunn , hunn se sech einfach décidéiert alles wat „High-Volume“ Transfer ass ze vrebidden an et an eng „fair-use“ klausel an ze bannen. Esouguer wann ee bedenkt dass youtube & co natierlech ganz vill traffic ausmaachen, vum Tethering net ze schwätzen, misst jo awer eng Mobil Kommunikatiouns firma eng besser äntwert op déi eigentlech notzung vun deem wat mer bezult hunn parat hunn.
Den Loic didelot kuerz iwwer wat ee minimum brauch fir Voip ze maachen
LOIC
En aneren grousse fiirdeel vum VoIP ass deen vun der unzuel u leitungen déi ee brauch. VoIP wiist vill méi einfach mat engem. Well esoubaal mer méi Leitungen brauchen fir gläichzäiteg ze telefoneieren, mussen mer einfach nëmmen ee méi schnellen Internet uschloss kréien, de Recht gëtt dezentral vum Internet Telefonie Provider gehandhabt.
Ausserdeem kann een eng Zousätzlech secherheet géint zum beispill Industrie Spionage quasi gratis kréien. An dat ass d'verschlesselung vun den kommunikatiounen zwëschen rengen Voice over IP Telefonaten.
An de Mobillen Aarbeschter kann elo vun egal wou op der welt schaffen an ëmmer mat der nämlechter nummer ugeruff ginn, an och mat dëser nummer uruffen.
Nodeeler Ee vun den Nodeeler bei Voip ass den eventuellen qualiteits verloscht bei enger belaaschtung vun der Internet leitung oder engem feeler beim Transit. Obwuel mer eng sougenannten Quality of Service Technik benotzen, ass des technologie nach laang net do wou se soll sinn an deelweis onbrauchbar. Dëst kennt duerch d'Transparenz vun der Technologie wou mer eben net wëssen op elo grat den Traffic verbessert gëtt oder net.
Den aneren greisseren nodeel ass am fall vun enger elektriziteits pann oder enger Internet Panne.
Eng richteg leisung heifiir gëtt et nach keng. Obwuel vläit d'argument vun enger klenger nout-stroum battery brauchbar ass, esou soll een awer hei d'ëmwelt net vergiessen an ausserdeem ass domadder eng nei kompnonent erakomm déi och geheegt a gepfleegt well ginn, an natierlech och ka futti goen. Mä dëse probleem hunn mer och bei eisem Portablen Telefon wou wann do d'batterie platt ass, mer och net méi kennen am noutfall uruffen.
De Marc Storck iwwer dës problematik. Marc_Storck
Eng méi grouss problematik ass den fall vum noutruff. Well mer eis mat onsem VoIP telefon egal wou kennen um erd ball befannen weess déi zoustänneg stell net wou mer genee sinn. Dohier geet am Moment ee dat bescht aus der Situatioun gemeet andeem probéiert geet VoIP nummeren op Physech plaatzen ze leeën. Kloer net déi beschten approche.
De Georges Closen vun der Post.
CLOSEN
De Loic Didelot vun der Firma MixVOIP gesäit dësst éischter als en international diskuteierte Problem.
LOIC_DIDELOT
Wann mer iwwer d'Sécherheet vum VoIP schwätzen dann soll ee wëssen dass déi nämlecht problemer bestinn wei mer se aus dem Internet Kennen. Spam kann ee Problem sinn, wou mer automatesch ugeruff kréien fir dann nëmmen eng kleng reklamm ze héieren. Phone-Phishing kann fierkommen, wann dann op eemol dee leiwen Agent vun der BankAgence eis VISA kaart iwwer Telefon wëll kontrolléiéren. Mä des attacken waren och fierdrunn méiglech, mam ennerscheed dass déi Kriminell et elo gratis an automatiséiert kenne maachen. Eng aner Méiglechkeet wär dass mer op eemol aus heiterem himmel eng Reklamm zweschent eisen appel geschalt kréien. Technesch net onmeiglech, an dat ass einfach well déi eigentlech verbindung net gechuetzzt ass. Dir kennt iech dat esou viirstellen wei de Webbanking OUNI den HTTPS. Do kann dann een deen an der Mëtt setzt dem Telefonat nolauschteren, an wann et himm gefaellt derzweschent funken. Hei gellt et dann den S un ze schalten an dat ass beim voip den SIP iwer SSL Den Georges Closen iwwer Voip Spam.
De Marc Storck iwwer Spam over Internet Telephony.
Security CUTS
Fir dass mer iwwerhaapt kennen eis stemm Digital iwwer d'Internet iwwerdroen, muss alles zersteckelt ginn, a kleng paeck verpaak an dann fort geschéckt ginn. Duerno gëtt dat op der Anerer säit alles erëm zesummen gesat an zeréck ginn. Dëst gëtt dann meeschtens duerch een Coder Decoder gemeet, kuerz Codec.
E puer vun dësen codecs sinn:
Speex Silk celt G.711 iLbc GSM
D'ennerscheeder sinn greissten deels op d'qualiteit an d'effizienz zeréck ze feieren. Verschidden vun dëse Codecs muss een dann och Lizenzeiere fir ze benotzen, wei den G.729 zum Beispill.
De Georges Closen vun der Poste
D'Infrstruktur vun engem VoIP Provider ass ganz oft relativ simplistech gehalen. Dat ass elo kee nodeel, ganz am geigendeel. Oft huet esou eng Infrstruktuur een haapt server wou all clienten sech umellen. Dësen Server ass kann un enger „richteger“ telefons leitung ugeschloss sinn. Desst ass allerdéngs oft eng PRI Leitung wou een 30 gläichzäiteg kanäl zur verfuegung huet an sech mat aneren Operateure iwwer den SS7 verbënd. SS7 ass eng sammlung vun telefonie relevanten Protokoller fir d'kommunikatioun ze garanteieren. Donierft huet een dann esou genannten peerings mat aneren provider fir de bescht meiglechsten praiss an déi verschidden destinatiounen ze kréien. Déi rechtlech hardware sinn oft Audio moduller fir d'qualiteit vun der sprooch ze verbesseren. Ausfal secherheeten déi duerch verduebelen vun der infrastruktur erreecht ka ginn, an eventuell eng oofgrenzung vun den Datenbank serveren fir verschidden performance problemer ze behiewen. Eng aner tendenz déi ee kloer gesäit ass d'Trennung vum Internet an dem Voice over IP Netzwierk.
Dëst huet den einfache grond dass wann mer eng getrennten Leitung hunn et manner qualiteits problemer gëtt. Obwuel nach ëmmer QoS (Quality of Service) agesaat gëtt huet ee wesentlech manner problemer.
Wou bei esou enger infrastrktur de QoS an d'spill kennt erklaäert eis den Geroges Closen vun der Post.
Closen.
Obwuel ee soen kéint dëst ass och een argument fir d'sécherheet ze erheiegen, esou dierf een net vergiessen dass ee sech mat esou enger separater leitung zu sengem Internet Provider bënnt an vläit an engem 2-jores konktrakt hänkt. Wann een elo eng Firma huet ass et nëmmen unzerooden eng Separat Internet Leitung zur verfuegung ze stellen fir de Voice over IP. An am Fall vun enger kompletter ubannung op VoIP soll een am Ideal fall eng glasfaser leitung mat engem anstännegen SLA fuerderen.
Dësen SLA oder och Service Level Agreement dengt zur ausfalls garantie an huet am allgemengen eng wesentlech besser stabilitéit.
Heizou de Loic didelot
De VoIP am professionellen beräich probéiert dann och duer d'unifieren vun servicer den aarbechtsooflaf méi fleissend ze maachen an bestehend infrastrukturen ze notzen. Beim nächsten kaaf vun enger Telefonsanlaag soll ee sech d'Optioun Voice over IP gutt iwwerleeën well se awer eng bis elo nach ni dogewieschten flexibilitéit bidd an ganz op de besoin vun der Firma kann integreiert ginn. Esouguer dat bestehend address buch kann ouni problemer integreiert ginn. Oder ee Click-to-Call servide agebonnnen ginn. Beim Click to call ass et zum beispill fir vendeueren extrem interessant wou d'wielen vun enger Telefonsnummer ewech faellt an duerch ee simplen click am Internet ersaat gëtt.
Bei groussen operateuren déi aus der klassescher telefonie gewuess sinn, huet een dann och de VoIP scho laang entdeckt an ass am Moment am Gaang eng Soft-Migration ze maachen wou am uffank parallell, Klassesch an IP, gefuer gëtt fir duerno nëmmen nach iwwer IP Netzwierker ze goen.
E puer vun de Protokoller déi bei der Internet telefonie genotzt ginn sinn:
SIP oder SIP iwwer SSL Den H.323 ee standard vun der ITU-T IAX wou spezifesch fir Asterisk entweckelt ginn ass, allerdéngs open source ass dohier och op anere plaatzen implementeiert gëtt. CISCO huet dann och hiren eegenen protokoll, de Skinny Client Control Protocol An dann nach den Jingle deen eng erweiderung vum XMPP (Jabber) Protokoll ass an aus de Google Labs duerch Google Talk kennt.
Video Telefonie
Registréierung dann verbindungs opbau
Wann mer eis d'nummeren ukucken beim VoIP esou fällt engem direkt zu Lëtzebuerg op dass do eppes Speziell ass. An zwar faenken se elo net mat 26/27 oder ähnlech un, sondern mat 20. Dëst ass vum Regulateur, dem ILR, festgeluet ginn fir eng IP Verbindung identifizéiren ze kennen, an eventuell qualitäts problemer vir ze warnen. An anere Länner huet een do aner Prefixen an ee Voip partner kann engem doduerch och lokal nummeren aus indien, hong-kong oder Kuwait besuergen falls een do geschäfter mécht.
Fir elo engem iwwer voip un ze ruffne huet een nierft der eigentlecher nummer och d'meiglechkeet bei sip iwwer eng internet address un een ze kommen. Desst ass allerdéngs Recht technesch an dëst nummer bleift dem Benotzer meeschtens verbuergen.
Wat een sech an zukunft kéint fiirstellen ass d'veiderverbreeden vun ENUM. Dëse system schreift eng Telefonsnummer an eng „DNS Kompatibel“ nummer ëmm an esou kéint ech des z.b. An enger ënner domän verschachtelen. Fir dann den Support unzeruffne vun enger Firma kinnt een am Plaz elo déi nummer un ze ginn einfach d'email:
uruffen. Problem heibäi ass natierlech den automatiséierten uruff deen spam géif foerderen an d'offeleen vun verschiddenen nummeren.
Dee Gréisste Voice over IP Providers ass Skype. Aus eegene ugaaben 23 milliounen glaichzaiteg useren den 8 Maerz 2010 an mat 185 millionen dollar revenue ass dësst un zehuele. Si sinn ausserdeem den greissten internationalen transporteur vun telecommunicatiounen, an dat alles ouni eng vollwäertege Telecom Firma ze sinn déi bei engem Regulateur wei dem ILR ugemellt ass. Dohier erlaabt skype och net den uruff op den Noutruff dengscht an et gëtt gerooden eng zweet leitung ze hunn fir dës dengschter.
Skype gouf ufanks vun den Nämlechte Leit entweckelt wei den Kazaa wat ee File Sharing System ass. Nodeems déi Eestech entweckler Heinla, Lasesalu an Tallinn d'Software entweckelt haten ass den Niklas Zennström an Janus Friis angetrueden fir eng firma mat setz zu Lëtzebuerg ze grennen.
2003 ass et dann mat der éischter ëffentlecher Beta Versioun lass gaangen. 2005 hunn se hire cliente ermeiglecht och op festnetz nummeren ze telefoneieren an am naemlechten Joer ass dëse service an china blockeiert ginn.
Scho frei huet skype seng viirdeeler erkannt an Video genau sou wei een Instant Messenger ähnlech wei MSN integréiert. Si hunn ausserdeem Softphones op deenen meechten platforme, esouguer op der Playstation portable kann een mat engem Mikro „Skypen“
Ugeruff kann een dann och ginn. Aus 25 verschiddenen Länner stinn engem telefons nummeren zur verfuegung wann een dat brauch. Bei der Konferenz schaltung ass ee Maximum vun 25 Persounen festgesaat, wobei ee soen muss dass mat enger Opener Platform wei mer se bei aneren voip providers kennen dëst vill méi flexibel ass, an do fir nolauschterer an enger Telefons konferenz ze sinn quasi nëmmen déi technesch limiten vun der Bandbreet gëllen. Säit 2009 benotzen se hiren eegenst entweckelten Codec SILK dënn am Mäerz 2010 als OpenSource verëffentlecht gouf.
Mettlerweil ginn et ganz vill Skype autoriseiert geräter an och e puer dei nëmmen iwwer wireless fonctionneieren. Des wireless skype phones fonctionnéieren nëmmen op net-gesecherten an WPA/WEP gesecherten netzer. Wann ee sech aloggen muss fir den Hotspot ze notzen sinn d'geräter net kompatibel.
D'secherheet vum skype gëtt ëmmer als eng vun deenen beschte genannt. Dëst ass allerdéngs nëmmen deelweis wouer. Well et keen Opensource programm ass huet nach ni een richteg aussenstehenden kennen testen op d'secherheet staark genuch ass. Ausserdeem ass et den autoriteiten méiglech verschidden gespreicher mat ze lauschteren. 2008 hunn Menscherechtsaktivisten aus dem Citizen Lab op der Universiteit Toronto erausfonnt dass an der Chinesecher Republic aktiv am Skype-Chat mat gelauchtert an am Fall vun enger Politescher diskussioun, den anschliessenden appel opgeholl gëtt. Dësst kann nëmmen méiglech sinn andeems d'Firma Skype dat mat na hiren „Chinesechen“ Produit TOM abënnt.
Ausserdeem kann ee sech scho froen stellen wat wierklech alles iwwer d'leitung bei Skype geet, well wann den Skype un ass pro mount 1 gigabyte daten genereiert ginn ouni appel. Dëst huet zwar de grond dass et eng Peer 2 Peer technik ass, mä verschidden Secherheetsexperte vermuten dann awer dass vläit eng sougenannten Back-door am produkt ass. Esou eng hannerdier ass och schonns eng Kéier fonnt ginn wou all d'system Informatiounen un Skype iwwerdroen ginn sinn an dëst ouni dem Benotzer seng kenntnis. Mëtt 2006 huet d'firma dann ee Marketing coup mat Intel verdäg bruet. Si hunn d'Konferenz fähegkeeten op 10 benotzer erop gesat mä dësst sollt anscheinend nëmmen goen wann een Intel core 2 duo am Computer ass. Mat engem AMD Athlon-64 wär einfach net genuch leeschtung do. Allerdéngs gouf dëst entlarft wei duerch een trick awer op engem AMD déi nämlecht fähegkeeten konnten nogewise ginn.
Skype huet dann och de schratt an eng Oppe Richtung gewoot mat der afeierung vun SIP op hirer platform. Dësst koum nodeem si eng oportuniteit bei hiren entre-temps 35% business cliente gesinn hunn. Am Moment nach am Beta stadium an nëmmen géint bezuelung ze kréien, schéngt et dass dee greissten Player am VoIP d'konqurrenz ufänkt mat spiren an sech weider entweckelen muss. Elo ass et dann och méiglech seng Telefonszentral direkt un de VoIP Service ze verbannene. Vum Techneschen besetz de Gigant vun der Internet Telefonie kee wesentlechen vierdeel ausser dass se mat 300 simultanen kanäl optrompen wat eventuell fir greisser firmen interessant kéint sinn. CoDec coder decoder verloscht mä ouer heiert dat net
std. Tel. Quali: 8khz
Wichteg fir flëssegkeet: keng verzögerungen (low latency ITU <400ms) 125ms → kann stéieren (ITU <150ms héich interaktiv etc)
OpenMoko standard SIP phone integrated
localhost wiki