This was my first RadioShow for 100k7
http://www.localhost.lu/audio/NeiTechnologien_ep1_20091211_podcast.ogg
Brochure
De Magazinne vun de neie Technologien An dëser Episode vum Magazinne kucke mer eis un wat et sech mat den ominéisen Hacker op sech huet. Tëscht gutt a béis ginn se agestuuft mä wei et wierklech ausgesäit wëssen déi wéinegst. De Clement Steve hellt iech mat op eng kleng rees an den ënnere krees vun dëser sub-Kultur. Et versteet sech vum selwen dass mer ee bléck op d'Gemeng Stroossen werfen well do déi responsabel décidéiert hunn eng Hacker Organisatioun ze ënnerstëtzen mam Numm syn2cat. An hirem sougenannten HackerSpace kommen clever Projete zustanen ronderëm alles wat seng Membere begeeschtert.
Text
Bonjour hei um 100.7. Mäi Numm ass Steve Clement an begleeden iech während 25 Minutten duerch d’Welt vun de néien Technologien.
Folgend Themen hunn ech mer dës kéier ugekuckt:
Fir t’éischt emol wat en HackerSpace a seng Hacker sinn An dono Informatik Sécherheetskonferenzen National an International
Wa mer da mol beim HackerSpace ufänken da kann ech iech direkt berouegen dass dat elo net eng nei Kriminell Organisatioun ass déi kéng ass äre Konto ze plëmme, Mais ganz am Géigendeel.
Kuerz eng Klammer zum Terme Hacker deen an de läschte 15-20 Joer an d'Fangere vun de Medie komm ass. Ursprénglech kann ee soen dass dëst Wuert op der Uni Stanford an Amerika gebuer ginn ass. An zwar waren dat Tüfteler déi am TMRC waren, dat ass den „Tech Model Railroad Club“. Si hunn op hire Modell Zich ronderëm ge’Hackt, Dekoratioun vun hirer Mini Gare Centrale an d’réi bruecht asw. Dat wor an de 60er, a wei dunn de Computer ëmmer méi populär op den Universitéite gouf hunn verschidde vun dëse Bastler sech an dat neit Theme gebiet ageschafft an sinn mat enger gläich staarker Motivatioun un dat neit Thema gaange. Mat der Konsequenz dass se hiren Hacker Esprit op d’Informatik iwwerdroen hunn, an deen ass: Esou laang un enger Saach ronderëm ze ”Hacke” bis se wierklech 100%-eg fonctionnéiert. Dobäi hunn se an der Informatik den ideale Medium gesi fir dës Modell Eisebunn Automatesch ze kontrolléieren an doduerch wuertwiertlech d'wäichen ze Stellen.
Mais wat ass elo mam Terme geschitt, firwat mengen déi meescht Leit elo en Hacker wär implizit eng béiswëlleg Persoun?
U sech ass dat ganz einfach doduerch ze erklären dass d’Medien den Terme relativ attraktiv fonnt hunn an déi ganz Kriminell Computer-Szen domadder a Verbindung bruet huet.
Ech perséinlech consideréiere mech och als Hacker an erkläre et ëmmer esou dass de Spektrum vum Hacken Mëttlerweil esou breet ass dass ebe leider och déi Kriminell hier Plaatz an deem Spektrum fonnt hunn. Fir méi kloer ze sinn fannen ech et wichteg dass ee vun enger Persoun déi mat Absiicht z.B sech op d'Käschte vun anere Leit beräicheren well, mam Richtegen Terme virgeet an dat ass: ee Cracker oder méi einfach: ee Kriminellen.
Fir elo zeréck op déi Physesch Plaz ze kommen wou sech déi „gutt“ Hacker zesumme fannen fir un flotte Projete ze schaffen an sech mateneen austauschen. Dëser Plaz kann een den Numm: HackerSpace ginn.
Eng oppe Plaz fir seng Memberen wous se no Bedarf kennen erakommen wann se un hirem Projet wëlle schaffe. Dëst ass einfach well all Member ee Schlëssel huet.
Fir kuerz op d’Geschicht vun dësen oppenen Infrastrukturen anzegoen, fréier sinn et och esou co-operativ Infrastrukture gi fir deelweis d'Ökonomie erëm unzekuerbelen wou och all Mënsch konnt mathëllefe an eng Hand upake. Mat der Zäit sinn déi Kollaborativ Raim anescht genotzt ginn an dëst zesummenhalen an deele vun Infrastruktur huet sech geluecht. Deelweis well jiddereen op eegene Féiss stoung an sech de perséinleche Luxus vun enger 1000Watt Buermaschinn konnt leeschten. Allerdenges ass et parallel ëmmer eng Sub-Kultur gi wou dat sech ni richteg konnt leeën well et an hirer Ethik esou verankert ass dass et eng Normalitéit ass engem eppes ze léinen, säi wësse weider ze ginn an dat ouni groussaarteg bezuelt ze ginn. Dëst ass keng aner wei d’Hacker Kultur. An Däitschland sinn et an den 80-90'er eng Hellewull vu platzen gi wou een konnt fräi ee Computer benotze wann ee keen hat. Grad esou an Amerika, woubäi ee soe muss dass déi Däitsch Hacker noperen do bëssi viraus waren an dës Mouvementer wesentlech méi präsent waren.
En anere Virdeel dee mer an esou engem HackerSpace fannen ass dass seng Memberen déi ganz Infrastruktur quasi Grenzelos zur Verfügung hunn an do kenne maache wat hinne gefält, am Kader vun de normale Spillregelen natierlech.
Vir elo mol op déi momentan Situatioun ze kommen, virun 2 Joer huet d’Hacker Szene aus Amerika sech ee Fliger gechartert an ass an Europa geflu fir hei zesumme vu Konferenz zu Konferenz ze reesen Während dëser “Hackers On a Plane” Aktioun, dat wor nämlech den offiziellen Numm, hate verschidden Hacker d'Chance sech déi Däitsch HackerSpaces unzekucken, ee populäert Beispill ass do “C-Base” zu Berlin. Dat ass esou eng Plaatz wou sech jonk an Aal trefft fir zesummen iwwer Computer an ähnleches ze schwätzen oder unhand vun engem Workshop eppes neits bäizeléieren.
Dëst huet déi Amerikanesch Kollegen esou begeeschtert dass se wei se doheem woren direkt ugefaangen hunn selwer esou Infrastrukturen ze schaffen.
Dat war dann och den Kick-off fir déi International HackerSpace szene. Entre-temps ginn et 102 aktiv HackerSpaces an Lëtzebuerg ass do och ganz gutt vertrieden.
Am August 2008 ass den HackerSpace mam Numm syn2cat aus dem Buedem geschoss. De Numm syn2cat ass een aussergewéinlechen, an den David Raison erklärt déi deels wëssenschaftlech Komponent vum Wuert.
DAVID TEXT_Numm
Problemer woren och am Ufank beim Mouvement den David Raison gräift dës Thematik op, an obwuel déi nei Technologien entre-temps ënnerstëtzt ginn bleift et weiderhin schwiereg.
DAVID TEXT_Problemer
Déi Sozial Komponent ass ausserdeem och ganz wichteg nach emol den David Raison.
Do gesäit een dass mat genuch Gedold an enger gudder Portioun Hoffnung awer ganz vill ka gemeet ginn. Den HackerSpace zu Lëtzebuerg ass zu Stroossen an Raimlechkeeten déi vun der Gemeng zur Verfügung gestallt goufen an bis elo ongeféier vun 20 Leit Aktiv genetzt gëtt.
Déi aner Partikularitéit déi et bei dem Modell HackerSpace hunn ass Disponibilitéit. Dohier wär eng oppen dier dat bescht. Well dat leider an der heiteger Zäit problematesch kann sinn, kritt all Member ee Schlëssel deen ee Schlëssel wëll. Dës Schlëssel iwwergaab geschitt nodeems d'Gemeinschaft agesäit dass de Member et serieux mengt an säint zum harmoneschen a gudde Fonctionnement bäigedroen huet an konsequent dann ee Schlëssel kritt.
Wei schon ugeschwat ass op esou enger Plaatz ganz vill Material wat een un sech doheem net onbedéngt huet. Oder huet dir eng L.A.S.E.R-Schneitmaschinn am Garage? Dat Material muss natierlech anzwousch hier kommen. De Gros probéiert een an Form vu spenden ze kréien. Allerdenges kann dat net fir alles klappen dohier gëtt et och ee Membersbäitraag. D'Bäitreeg sinn ob Selbstbestemmungs Basis. Dat heescht all Member soll minimum 6€ pro Mount bäidroen. Woubäi et dann deem eenzelnen iwwerlos ass méi ze gi wann et ëm wäert ass respektiv wann d'Finanzen et erlaben.
Wat elo beim Lëtzebuerger Mouvement méi speziell ass, eng rei leit mech do ganz aktiv Jugend aarbescht a probéiert heiduerch jidder Jugendlechen de Sprong an d’Technik ze erméigleche well och dess kann relativ déier gin wann een sech intensiv dofir ufänkt ze interesséiere.
De Marc Teusch, Professer am LTETT an betréier bei den Jugend Aktivitéiten am HackerSpace ass och dovunner iwwerzeegt dass eng Ähnlech Infrastruktur wei den HackerSpace ze besetzen. Dozou huet den Marc Teusch eng einfach erklärung, an dat ass den impliziten interessi un der Technologie.
MARC_TEXT -
D'Thema Informatik oder Technik am Allgemengen ass eppes, wat ëmmer nees begeeschtert. Haaptsächlech déi Jonk si gäre bereet, esou eppes ze probéieren an och dorausser méi ginn ze loossen. Leider ass et awer esou, dass et oftmools un de néidege Kompetenzen an och Infrastrukture fehlt...huele mer mol d'Beispill vum Hierstelle vun enger elektronescher Schaltung.
Dass an esou enger Infrastruktur och déi neideg Kompetenzen am pädagogesche Beräich neideg sinn versteht sech vum selwen, seet de M. Teusch:
Den Encadrement spillt hei eng ganz wichteg Roll, - wéinst der Uleedung, wou een engem erklärt, wat geet an wat net, - wéinst der Hëllefstellung wou een séier engem ënnert d'Ärm gräifen kann - an och wéinst der Motivatioun, well "l'appétit vient en mangeant" - nei Usteiss, neie Challenge an nei Synergië bilden sech do ganz natierlech.
Am HackerSpace verfüge mer och an deem Kader iwwert eng super Equipe, wou Leit do sinn, déi am Alldag mat Kanner ze dinn hunn, wei ech z.B. als Enseignant, awer och mat ausserschouleschen Aktivitéiten Erfahrung hunn, weis du, Steve!
Am HackerSpace also ass ëmmer eppes fir all Geschmaach dobäi!
Sech e Bausaatz am Elektrikerbuttek kafen ass eng Saach, mä dat richteg Ëmsetzen (spriech Leiden an verstoe wei et geet) dovun eng aner. Do ass et meeschtens dat Bescht, dass een ka vun enger erfuerener Hand léieren oder op mannst ënnert d'Ärm gegraff kréien. Den Entourage, deen den HackerSpace ubitt ass jo u sech genau dofir geeegnet. Hei kritt een net nëmme Material, mä och d'Leit, déi dozou gehéieren. Si hëllefe gäre bei éischte Versich an domat bréngt een et och fäerdeg, d'Begeeschterung oprecht ze halen, déi doheem oft am Frust ënnergeet. Donieft ass den HackerSpace eng Plaatz, wou een sech austausche kann, nei Iddie kritt an och Leit fënnt, déi sou denke wei een selwer. Esou en Environnement stimuléiert d'Motivatioun fir weider ze goen!
D'jugend aktivitéiten am HackerSpace sinn am opbau an do fänkt de mouvement vun den Hacker ganz Jonk un:
Am Kader vun den Jugendaktivitéiten U19 wëlle mer jo och mat de Primärschoulkanner eppes ugoen, wat et an där Form zu Lëtzebuerg nach net gëtt. Och déi ganz Jonk, sou ab 9/10 Joer, kënnen hei Hand upaken an eppes hacken, wat net komplex, awer duerchaus motivant ass. Domatt erlabe mer hinnen, Horizonter ze entdecken, déi eng Joffer oder Schoulmeeschter esou net eriwwer brénge kann; jiddereen huet ebe säi Gebitt an eist ass eben d'Technik!
Fir weider Informatioune Surft op www.hackerspace.lu
ZWEITER TEIL KONFERENZEN!
Nodeems ganz vill iwwer Hacker geschwat hunn widme mer eis elo den Sécherheets-Hacker an den diversen Konferenzen déi se all Joer besichen.
Wat ass elo en Informatik Sécherheetsexpert, dës Persoun analyséiert d’Sécherheet vu Computer Systemer an am Fall vun enger Sécherheetslück wou eventuell ee kriminellen sech an de Computer kéint heemlech eraschläichen, mellt den Expert de Feeler dem Hiersteller vun der Software an gëtt dësem soumat Zäit fir de Feeler ze behiewen, befier eventuell dee Falschen dëst erausfënnt.
Dës Communautéit vun Experten trefft sech dann och all Joer ob verschiddenen Konferenze ronderëm déi ganz Welt. Op dëse Konferenze ginn aktuell Sécherheetsthemen an form vu Lektüre virgedroen.
Populär Beispiller sinn de Chaos Communiation Congress zu Berlin am Dezember. oder Defcon zu LasVegas.
Béid hunn se gemeinsam dass wäit iwwer 5000 Leit se besichen an dass ganz vill Informatiounsaustausch op dëse stattfënnt.
Mais och zu Lëtzebuerg gëtt et esou eng Konferenz. Se gëtt all Joer am Oktober ofgehalen an nennt sech ganz einfach “hack.lu” Et ass eng verhältnisméisseg kleng Konferenz mä dëst hellt näischt vun der Qualitéit, ganz am Géigendeel. An dësem wesentlech méi familiären Ëmfeld huet een besser Zäit a méi Méiglechkeet mat deenen eenzelne viirdroenden ze diskutéieren an Erfarungen auszetauschen.
Wat bei der „hack.lu“ elo direkt opfält ass dass ee vun den Haaptsponseren de Ministère d’économie ass.
Firwat den Ökonomie Ministere hei ee vun den Haaptsponsoren ass erklärt de Francois Thill vu CASES
FRAENZ_THILL
Den Organisateur begréisst et och dass de Ministere esou present ass, den Alexandre Dulanoy vum Organisationscomitee.
ALEX_TEXT
Déi international Firma „Red Team Pentesting“ aus Däitschland wor och bei dëser Konferenz dobäi, hir Motivatioun geet vum Patrick Hof erklärt:
TEXT_REDTEAM
D’Sécherheet ass effektiv näischt wat een ignoréiere soll zemools an der Informatik well ee Virus oder Trojaner huet ee sech heiansdo méi schnell agefaange wei ee kucken kann,
De Programm vun esou Konferenze ka ganz verschidden ausgesinn, firwat grad d'Hack.lu ideal ass fir ze besichen erklärt nach emol den Alexandre Dulanoy.
ALEX_TEXT
De sënn an Zweck vun esou Konferenze sinn einfach ofzeleeden. Wann een weess wat ee bedréit kann een sech effektiv dogéint schützen. Wann den Sécherheetsexpert esou denkt wei de Kriminellen dann ass en vläit ee Schratt viraus an mëscht dësem säin “Handwierk” ee gutt Stéck méi schwéier. Allgemeng kann een umierken dass esou Sécherheets-relevant themen besser oppe behandelt gi wei dës ënner den Tapis ze kieren an d’Schéiklappen unzedoen, an der Hoffnung dass keen et gesäit. Op der anerer säit soll een och verstoen dass wann den Sécherheetsexpert responsabel ass, hien net direkt ee Sécherheetsprobleem un déi grouss Klack hänke geet befier den Software Hiersteller informéiert gouf.
D’Editioun 2010 wäert d'nächst Joer am Oktober sinn.
Méi Informatioune fannt der dann op www.hack.lu
Froe fir d'Interview Partner:
1.Wei laang ass de Staat schon dobäi, Bedenken am Ufank? 2.Firwat investéiert sech de Staat an eng Sécherheetskonferenz? 3.Si scho verschidde Resultater fir ze weisen déi direkt oder indirekt der Konferenz gutzeschréiwe sinn? 4.Wei geet et an Zukunft weider?
1.Combien de participants/talks/background/focus/why.lu? 2.Partenaire? 3.Scoop Edition 2009? 4.Projets future?
1.Why do you participate/why.lu? 2.Your Background? 3.Usefulness? 4.Full-disclosure? 5.Whats a hacker?
Taboo Terms: befannen Här/Madame heizou
Wa vu Geforen am Internet Rieds geet, schwätzt ee séier vun den Hacker. Hacker, dat sinn déi "Béis", déi eis intim Internetwelt ausspionéieren an am schlëmmste Fall eis Computer mat Viren, Trojaner a Wierm zerstéieren. Dat ass dee klassesche Cliché vun engem Hacker, entsprécht awer net ganz der Realitéit. De Steve Clement weist, datt «hacken» och eng nëtzlech a wäertvoll Aktivitéit ass, ë.a. um Beispill vum HackerSpace, engem Projet vun der Gemeng Stroossen.
localhost wiki