This was my Sixth RadioShow for 100k7 about Cloud Computing
Text:
Wann een eis froen géif wei den Internet ausgesäit dann wär et de meeschten leit wuel net direkt méiglech dorobber ze äntweren.
Den Internet ass ee Netzwierk wou haut dës daags meeschtens iwwer den Telefon Uschloss all eis Computeren mateneen verbonnen sinn.
Wann mer eis dat nach ee bëssen méi detailléiert ukucken dann ass eisen direkten „noper“ am Internet eisen Service Provider deen mer all Mount bezuelen fir eis Zougang zum weltwäiten Netz ze ginn.
Mä wann mer op eng Internet säit surfen sinn nach méi Provider um transit vun eiser Ufro bedeelegt.
Sou ass et méi wei sécher dass wann mer op eng Säit a Wien zougräifen dës Ufro fir t'éischt duerch eng 7 verschidden platzen wäert wanderen. Vläicht an Däitschland, dann eventuell Tschechien an als end Destinatioun Éisträich.
Dat ass genau esou wei et Enn den 60er Joeren erfonnt ginn ass. Groussen Virdeel dobäi, wann elo eng eng vun dësen zwëschen stellen ausfält dann ginn et ëmmer nach aner Méiglechkeeten fir zum Zil ze kommen. Dëst mëscht d'Internet robust géint Ausfäll an eng eventuell Kontroll duerch eng eenzeg Instanz.
Wann mer eis elo nach emol fir stellen wei d'Netz ausgesäit dann huet een en schwammescht Bild vun Milliounen eenzelen Verbindungen mam geleeëntlechen groussen Punkt virun sech mä ganz kloer ass et nach net.
Haut geet et ëm eppes ähnlech abstraktes. Cloud Computing. Streng iwwersat heescht dat „Rechnen an der Wollek“.
Cloud Computing ass fir munnech leit ee Trendwuert aner leit sinn iwwerzeegt dass dëst konzept quasi esou al ass wei den Internet selwer.
Den Alexandre Dulaunoy Responsablen sécheherheets expert bei der Ses astra gesäit d'Wollek als een Zyklescht Phenomen an der Informatik.
ALEXANDRE_TEXT
Bei Cloud Computing soll een tëschent verschidden Konzepter Ënnerscheeden. Et ginn Public clouds, Google, Amazon asw. Dat sinn déi Infrastrukturen déi entweder extrem bëlleg oder esouguer fir näischt zur Verfügung stinn. Dann ginn et Private Clouds déi Firmen Interne sinn wou ee nëmmen Zougang huet wann een eppes mam Projet oder der Firma ze dinn huet an et ginn Hybrid Formen wou een deel ëffentlech an en aneren eben Privat ass. Dëst ass ganz oft och bei Firmen de Fall. Eng aner Zort sinn Kommunitär Wolleken wou sech ee Grupp vun Organisatiounen oder leit eng Wollek deelen. Dozou ginn et verschidde Cloud Komponenten. Zum Beispill. Cloud Services, Cloud Platform, Cloud Storage, Cloud Infrastrukturen.
Wat alles dat gemeinsam huet ass d'Abstraktioun vun Komplizéierten Techneschen Installatiounen oder Konzepter.
Dëst erméiglecht et klengen an mëttelgroussen firmen schnell ee Produkt ze entwéckele an op den Internet ze stellen.
D'Architektur vum Cloud Computing kann een an vereinfachter form an engem 3 schichten Modell ausdrécken. D'Basis ass déi Physech Infrastruktur mat de Serveren, Späichermedien asw.
An der Mëtt hu mer d'Plattform. Dës ass oft eng semi-proprietär leisung wou herno d'Applikatiounen sollen drop lafen. Bei Google ass dat d'App Engine an bei Microsoft nennt sech d'Plattform Azure.
Ganz uewen vun der Pyramid hunn mer d'Applikatiounen. Google Docs, Exchange Online, Salesforce sinn nëmmen e puer Beispiller vun vill déi een an der Cloud kann fannen. Mä och bei de gängegsten Sozialen Netzwiereken kennen mer vun Cloud Applikatiounen schwätzen woumatter och Privat leit sech am Thema sollen ausenaner setzen.
Extrem Skaleierbar ass esou ee System fir den Cloud Bedreiwer dann och. Et kann een a fur et a mesure Maschinnen dobäi huelen wann d'Kapazitéit net méi ausräichend ass. Esouguer kann ee sech virstellen eventuell méi al Maschinnen mat an dëst Virtuellt Konzept ze huelen déi dann quasi transparent an der Wollek verschwannen an de Client ni wäert mierken dass un sech seng Applikatioun op engem recycléierten System wäert lafen. Duerch dës Proprietéit vun der Cloud kann ee soumadder unhuelen dass et eng Gréng Cloud kéint sinn déi CO2 emmisiounsarm ka fonctionnéieren. Allerdéngs ginn et hei zou keng exakt Studien an ass domadder nëmmen eng vermutung.
D'Rentabilitéit vun enger Cloud infrastruktuur kennt duerch den sougenannten pooling effekt. Doduerch dass ee clienten huet déi nëmmen 10% vun der Infrastruktur benotzen an aneren eben 30 oder méi kann een eng méi performant infrastruktur opbauen an dobäi ee ganz interessanten präiss erzielen kann, allerdéngs geet dës natierlech ëmmer nëmmen an der grupp an do ass dann eventuell och schonn den éischten secherheets Problem.
De Pascal Steichen vum Secherheetsportal cases.lu gesäit den impakt vun esou gedeelten infrastruktur als eng nei erausfuederung fir IT-Manager. Et muss een op nei saachen oppassen déi ee vläit an der vegaangen heet net esou wichteg emfond huet. Dobäi spillt d'konzept vun der Risiko analyse eng schlesselroll.
PASCAL STEICHEN
Dass mer zu Lëtzebuerg am gaang sin den Idealen standpunkt fir esou eng Infrastruktur ze ginn leisst viraus ze gesinn. Mat engem Massiven update an eis international ubannungne zum internet an nei bauten vun heig modernen rechenzentren geet soumadder den Wee an een neit economescht standbeen geluecht. Den Marco Houwen vun der kierzlech gegrennter Firma Luxcloud ass och fest vum Konzept iwwerzeegt. Ee vun de groussen viirdeeler fir den Standuert Lëtzebuerg ass seng Nei a Modern Infrastruktur déi elo opgebaut gëtt, an laut dem Marco Houwen eis eventuell de viirsprong op déi international konkurrenz gëtt. De Marco Houwen:
HOUWEN_TEXT
Luxcloud ass duerch Datacenter Lëtzebuerg, Luxconnect an de Marco Houwen an d'Liewen geruff ginn. 2010 schéngt et drengenst neideg dass en emdenken net nëmmen an eiser Economie mä och Zukunftsecherheet vun den neien Technologien besteet. Wat elo déi verschidden Servicer am Kader vun der Firma Luxcloud sinn erklärt den Marco Houwen.
HOUWEN_LUXCLUOD
SaaS, PaaS, XaaS alles dat sinn kierzel déi reegelmeisseg am abstrakten wolleks konzept fierkommen.
SaaS oder och „Software as a Service“ sinn zum beispill d'Google Apps. Et ermeiglecht dem Benotzer géint bezuelung ee programm am Internet ze benotzen ouni eng Separat Software ze benotzen. Ausser den Internet Browser wei de Firefox oder Opera zu Beispill. Esou dass et ganz wichteg ass dësen esou gutt wei méiglech ze schuetzen. Elo schonn ginn et avanceiert attacken vun Cyber Kriminellen géint servicer wei google docs oder Gmail.
Desst Konzept gouf schon virun iwwer 10 Joer vun Microsoft firausgesoot. Esou richteg drunn gegleeft huet ni een bis dunn Google mat hiren Servicer un de marche komm ass an soumadder ee vun de greissten konkurrenten zum Risen Konzern am kampf ëm Buero Software um PC ginn ass.
Wei et mat der Sécherheet an der Cloud ausgesäit an wat bedrohungen sinn erklärt eis den Pascal Steichen, Alexandre Dulaunoy, Marco Houwen
TEXT_EXTERN
Nierft Software déi iergendwou am Netz steet ginn et dann och de eis genannten PaaS servicer. „Platform as a Service“ ersetzt déi Physech machinnen, meechtens duerch ee Virtualiseierten System deen dann ganz Dynamesch engem client kann zougeschneidert an erweidert ginn. Op esou enger Platform sinn dann meeschtens méi wei ee client dohier ass et wichteg dass esou eng Infrastruktur déi neideg secherheets vierkeierungen huet fir ze vermeiden dass:
Den ganzen system op eemol ausfällt an soumadder kee client méi säin service benotzen kann E client deem aneren seng ressourcen kann ausnotzen Kee vu baussen oder bannen un en aneren deel vun den gedeelten Ressourcen kennt, späicherplatz zum beispill
Wat d'stabilitéit vun dëse Paltformen ugeet esou ass et wei iwerall. Wann déi leit déi den Service ennerhaalen reegelmeisseg d'Wartung maachen an ëmmer um leschten stand bleiwen wat d'Technesch detailler vun esou enger Infrastruktur ugeet, dann leeft et meeschtens ronn. Op Europäeschem Niveau gëtt Cloud Computing och ënnerstëtzt. Am Oktober 2009 ass zu Bréissel EuroCloud gegrënnt ginn. Dës organisatioun nennt sech SaaS an Cloud Services Business community. Lëtzebuerg ass do och gutt vertrueden wou enn Dezember d'Firma E-Kenz, vertruede vum Amal Choury, d'ABBL, Telindus an Luxconnect dësem Europäesche mouvement bäigetrueden sinn. D'Demande vun der neier Firma LuxCloud ass och schon un EuroCloud gestallt ginn an et kann sech nëmmen nach ëm Wochen handelen bis den Ok ginn ass fir esou zesummen un enger neier Synergie ze schaffen. Mä nach weider Firmen ginn gesicht sou dass all interesséiert Firma sech op www.eurocloud.org kann umellen fir beim Letzebuerger deel mat ze maachen.
Firwat grad elo de Standuert Lëtzebuerg interessant ass fir de Cloud Computing deen als nächsten e-commerce ähnlechen economeschen impakt gehandelt gëtt, ass déi favorable legislatur vis a vis vun der propriete intellectuel. Wou een ganz interessant steier fierdeeler kann zougesot kréien wann een zu Lëtzebuerg Propriete Intellectuel produzeiert.
Eng persoun déi sech negativ zum ganzen Cloud Hype aus schwätzt ass den Richard Stallman. Papp vun der GPL Lizenz déi als grondbasis vun fräier software gellt gesäit hien d'gefoor beim Cloud Computing dass een sech op proprietär solutiounen an leisst déi engem et onmeiglech maachen de fournisseur ze wiesselen an am end-effekt net méi bellege gëtt wei wann een fräi alternative géif benotzen. Well awer GNU Public License versioun 3 an der Wollek déi dominant Lizenz form ass huet dës missen ugepasst ginn well ee Legalt Lach drann war wat en eventuellen abus vun dëser lizenz ermeiglecht hätt. Dohier ass se 2007 kuerzer hand an Affero General Public License duplizeiert ginn fir op dat vernetzten konzept vum Cloud computing ze passen. Duerch des dominanz vun Fraier an oppener software am Cloud business leisst dann och hoffen dass den Stallman falsch läit an dass eng primär Profit orientéiert industrie den notzen vun Oppenen Standarden endlech angesäit an sech net drop konzentreiert:
Wei kann ech mäin client elo an mäin Software prisong spären, mä éischter prinzipiell sech iwwerleet wei kann ech mengem client déi zäit bei mir esou angenehm wei méiglech maachen an eventuell kommend oder goend clienten einfach op enger aner platform migreieren ouni dass dësen méi geploot ass wei en am end-effekt duerch d'Wollek gespuert huet.
Een aneren grond firwat d'Konzept vum Cloud zu stane komm ass war dass all déi dausenden vu maschinnen ëmmer nëmmen 10% vun hirer effektiver kapaziteit notzen, an den Recht quasi fir Spetzen an der Benotzung brach louchen.
Fir des bestehend infrastruktur besser ze notzen huet Amazon zum Beispill sech alternativen iwwerluet dëst ze Kommerzialiséieren. Dorauser sinn 2002 d'Amazon Web Services Enstaanen. Dëse Service bidd dem Client eng rei vun Internet Servicer wei d'Elastic Compute Cloud. Och EC2 oofgekierzt ass dëst eng Virtualiseiert platform déi op Basis vun XEN leeft. Esou kann ee sech ganz einfach seng beneidegt Recheleeschtung eraus klicken.
Allerdéngs sinn och des servicer fir Spam ausgenotzt ginn, esou ass Ufanks July 2008 den ganzen EC2 service vun Spamhaus.org geblocked ginn well eng massive attack vun Spam an Malware aus deem netz koum.
D'Fakturatioun vun esou systemer sinn dann genau esou dynamesch wei hir servicer. Ganz oft muss een nëmmen dat bezuelen wat een och wierklech benotzt huet. Entweder Stënterlech an ob den Effektive iwwerdroen Traffic. Oder an fierdeefineierten Packages wou et dann nees dem Client iwwerloos ass ze verglaichen wat dann elo méi interessant ass.
D'Rechtslag beim Cloud computing kann eng ganz interessant sinn. An der Wollek wëssen mer net méi wou eis daten Physech leien. Sinn se lo nach zu letebuerg oder schonn eventuell an Amerika wou déi ganz infrstrukturen vill méi bëlleg sinn. Fir do als firma net an d'labrenten vum Dateschutz ze kommen soll ee sech versecheren dass et kontraktlech geklaert ass wou engem seng daten stinn.
D'Kontrakter sinn dann och wichteg genee duerch ze liesen an schonn hei soll d'Risiko Analyse ufänken. Wann een elo net 100%-eg déi Legal Basis kennt soll ee sech mat engem Affekot zesummen setzen deen sech an deem Feld auskennt. Et ass een all ze schnell an enger Grozon ouni dass een et weess an och am Internet gëllt natierlech den üblechen Satz:
„Nul n'est cense d'ignorer la loi“
Ee vun den Greissten Cloud netzwierker ass wuel dem Google seng Daten Infrastruktur. 2003 hunn si een Dokument iwwer dësen GoogleFS verëffentlecht an do ass et engem schnell kloer ginn wei massiv Google wierklech ass. All datei déi google huet, do sinn d'Mailen natierlech och mat dobäi, ginn direkt op honnerten vun plaazen als duebeler oofgespäichert dass een ni kann eppes verleieren. Doriwwer eraus geet probéiert ëmmer nëmmen pseudo-anonyme stecker vun dësen contenuen oofzespäicheren. Dëst ass Pseudo anonyme well et awer den autoriteiten méiglech ass eraus ze fannen wou verschidden daten leien, ganz einfach an deem se sech an de system aloggen.
Een anert Cloud Beispill ass dat op Linux Baseiernd Betriibsystem Jolicloud. Fir NetBooks entweckelt kann ee sech dëst Betriibssystem Gratis downloaden an vun elo un ass alle applikatioune déi een installeiert oder benotzt stänneg mam Internet verbonnen. All d'Daten kommen aus dem Internet. Dohier ass ee gezwongen eng Internet leitung ze hunn wann een dëse System anstänneg benotzen well.
déi scheinbar kloer viirdeeler vun der Cloud leien op der Hand:
Flexibiliteit wann een nei projeten well maachen wou ee schnell kuerzzaiteg infrastruktur brauch.
Praisslech kann et interessant sinn wann een all seng méiglechkeeten duerchgeholl huet.
Et ass een net méi op iergend eng physech Plaz gebonnenn, an et kann een seng applikatioun an all Internet browser benotzen.
Wann den Fournisseur eng serieux, gutt gewarten infrastruktur huet dann ass des wesentlech méi effizient an zouverlässeg wei eng haus egeen.
Schluss:
Allemol gesäit déi ganz Wollek Geschicht Economesch gesinn ganz interessant aus. Och wann et nach an der Transitiounsphase ass wou et sech nach muss selwer méi prezise defineiren.
Addendum:
Et schéngt evident dass wann een enger externer Firma och nëmmen een deel vun der Infrastruktur iwwerleist, dass een zolitt vertrauensverhältnis opgebaut soll ginn. De Pascal Steichen iwwert de fonctionnement vun Vertrauen an wei een dëst eventuell kann erreechen.
Dass elo d'Secherheet net alleng mat engem Kierzel vun engem Zertifikat zesummenhänkt préziséiert nach emol den Alexandre Dulaunoy.
Och op Europäeschem Sécherheetsniveau gëtt ee Bleck op d'entwecklungen vum Cloud computing geworf. Dat europäeschet Secherheetsnetzwierk Enisa wat ënner: www.enisa.europa.eu ze fannen ass huet een ganz gutt ressourcen iwwer Cloud Secherheet. De Pascal Steichen iwwer des entiteit bei der Unioun.
Wann Cloud Computing mat all suergfallt geplangt an agesaat gëtt kann een esouguer vun enger Steigerung vun der Secherheet schwätzen. Dëst leeet firaus dass ee ganz genau weess wei déi prozesser intern vun der Wollek fonktionneieren. Well wann dëst bis verënnerlecht ass muss een ob der Säit vum Client, also sengem PC manner komponenten Schütze en vue dass eben keng zousätzlech software méi um Rechner gebrauch gëtt.
Research
localhost wiki