Wiki Page Content

Linux

An der Welt vun der Informatik gëtt et ee Program wou jidereen benotzen muss. D'Betriibsystem vum Computer.

Statistesch gesinn hunn déi meeschten Maschinnen eng Form vu Mircosoft Windows Installéiert. Op Windows XP/Vista oder 7 alles kënnt aus dem Haus Microsoft.

Mä haut geet et net em de Kommerziellen Gigant mä ëm eng Niche déi sech an de Läschten 20 joer eropgeschafft huet, Linux.

Strikt gesinn ass Linux kee betribsystem mä éischter de Kär deen alles am Grëff huet. Den esou genannten Linux Kernel ass dann ufanks vun engem Mann erfonnt ginn, de Linus Torvald. Wei een aus dem Numm vum Linus eraus ka liesen huet hien dem Kernel dann och de Numm verpasst. A sengen eegenen wierder erklärt hien wei ee Linux ausschwätzt:

LINUS_TEXT

Als Passionéierten Minix benotzer huet de Linus 1991 zu Helsinki op der Uni eng iddi gehaat. Firwat gëtt et kee Fräit minix betriibssystem.

Fräi net nemmen am Sënn vum Präis mee virun allem fir dei nerweg Programm Feeler ze flecken dei hien stänneg bei der notzung vum Minix begeint huet.

Obwuel Minix, Programméiert vum Andrew S. Tannenbaum, eng Akademesch platform war wou de ProgrammCode disponibel war huet dei begleeden Programm Lizenz engem verschidde fräiheeten geholl. D'Programm Lizenz sinn d'Bedengungnen ennert deem Software kann verbreed an eventuell verännert ginn. Minix hat eng BSD ähnlech Lizenz.

Nach emol zur errënerung wat FOSS ass, Free and Open Source Software sinn dei Computer Programmer dei zugläich Gratis ze downloaden sinn, domadder implizit kënnen iwwer egal wei ee medium verdeelt ginn, an Quell Offen sinn. Dat heescht jidereen dee wëll kann sech dat ukucken wat d'Programméierer ennert der hauf vum Computer-programm fir haaten. Eent vun den Populärsten Beispiller ass eent wat quasi all nolauschterer scho benotzt huet, den Mozilla Firefox.

Mä de Papp vum FOSS mouvement kann een dem Richard Stallman gut schreiwen. De Stallman deen 1983 GNU Project an d'liewe geruff huet, hat eng intressant art a weis fir Software net nëmmen ze entweckelen mä och ze verdeelen. GNU wat en rekursiven Akronym fir: "GNU's not Unix" ass war dee Projet deen sech och nach haut bemeit fir Frai an QuellOffen Software enner dei berühmten GPL Lizenz ze setzen. Parallel zum GNU Projet huet de Stallman dann GNU General Public License entweckelt fir engem verschidden fräiheeten zereck ze ginn dei engem duerch zevill restriktiv lizenz modeller op komm sinn. De GNU Projet huet sech haptsächlech op d'UNIX platform konzentreiert well de Stallman am Akademechen beräich des platform genotzt huet awer dovunner gedreemt huet eng Komplett Fräi emgebung enges daags ze schaafen. Ëm 1990 hat de Stallman dann och dei meeschten Benotzer programmer zesummen mat der Community geschriwwen mä et gouf ee groussen manktum, de GNU Hurd Kernel huet keen interesséiert.

De Linus seet selwer dass wann op der enger Säit den GNU Hurd Kernel ODER eng Fräi 386BSD Kernel versioun verfügbar gewiecht wär hätt hien sech wuel kaum d'Méi gemeet fir eppes neies ze schreiwen.

Dësst ass ee vu villen beispiller wou ee gesäit dass patenter an sënnlos beschränkten Lizenzen d'Innovatioun nëmmen zereck haalen. BSD wär eventuell haut wat Linux ass wär et net de Sträit an déi sëllegen ukloen vum Unix System Laboratory géint BSDi wou scheinbar AT&T geschriwwene Programm Code onerlabt kopéiert an distribuéiert ginn ass. Wär via eng GPL Lizenz zum Beispill kloer gestallt ginn dass et Fräi ass an och kloer wei et kommerziell verwendbar ass hätte Leit wei de Linus des BSD versioun geholl an dorunner weidergeschafft. Obwuel et nach emmer Fräi BSD versiounen gëtt wei OpenBSD oder FreeBSD esou geneissen si just als Server Platform hiere Success.

Zu Lëtzebuerg gëtt Linux och vill benotzt. Wann mer un de Kino Ech Belval denken do sinn all Computer mat Linux ausgerëscht an och an de Lëtzebuerger firmen gëtt Linux gären gesinn.

Folgend Persoun gesäit kloer de fierdeel an enger manner grafesch dominanter approche:

georges

Wat Linux elo nach aus mecht sinn de vill distributiounen dei ee kann erem fannen. Eng Distributioun ass naischt aaneschtest wei den Linux Kernel an do ronderem sinn verschidden programmer geschneidert fir der Zilgrupp gerecht ze ginn.

Déi Populärsten an wahrcheinlech einfachsten ass am moment Ubuntu. Ubuntu ass eng Sued afrikanesch philosophy dei "Humaniteit vis-a-vis vum nächsten" bedeit. Ubuntu zeechent sech doduerch aus dass dëse Gout Linux quasi direkt op all Computer einfach nemmen leeft. Op et elo ee Mac ass oder soss eng Maschinn, nodeems een d'CD ageluet huet ass een an Manner wei 15minutten am neie System.

Nieft ubuntu gëtt et dann nach vlott derivater dei sech op de Besoin vum eenzelen upassen.

Fir de Museker ass UbuntuStudio interessant, Studenten zeie vläit EduBuntu fir oder och UbuntuServer falls ee sech ee klengen Server doheem well installéieren.

Och wann et zu Lëtzebuerg eng LUG Linux User Group gëtt esou feelt et där un neien an mei Jonken membere. Dësst spigelt sech och am Internet site erëm deen lang net mei ge-update gouf. An wann mer eis d'Communautéit ronderem d'Distributioun Ubuntu ukucken ass do och net vill mei lass. Dat soll awer net elo oofrschrecken well et awer eng platz gëtt wou ee regelmeisseg notzer fënnt. Am HAckerSpace zu strossen as et dann och einfach d'Leit firun de Mikro ze kreien dei hier leidenschaft zum Thema deelen. Den Dennis ass firun engem Joer duerch ee kolleeg op de gout vu Linux komm.

Dennis_Cut

Wat him elo gut gefällt ass d'Philosophie hannert Linux, nach emol den Dennis aus dem HackerSpace.

Dennis_Cut

En groussen firdeel vun der FOSS welt sinn dei dausenden vu verschiddenen programmer op dei een zougreff huet. Dat kann den Dennis eis och konfirmeireren deen 5 minutten firum Interview nach folgenden Paket installeiert huet:

dennis_paket

Op d'fro wat dat kascht huet gouf et eng ganz kuerz äntwert:

dennis_apa

Nach en Tip vum Dennis fir dei Leit dei sech elo wëllen an de Linux lancéieren:

Dennis Tipps.

Mä och mei erfueren benotzer waren zu Strossen unzetreffen. Dëse personnage huet d'Homebrew ära mat gemach an erklaert wei heen zu Linux komm ass:

Georges

Mä wann Windows fir installeiert ass kann een dëss och eroof geheien seng Lizenz zereck u Microsoft schecken an dann och säi geld erem kreien. En Mei einfachen wee get et awer och, dofier suergen dass kee windows drop ass. Wei schweier dat ass heieren mer nach emol vun engem Member aus dem HackerSapce:

Georges

Firwat elo Windows net esou populär am Server beräich ass erklärt folgend aussoo:

georges

A wann mer un dei wichteg updaten denken dann schengt et enner windows och net esou einfach ze sinn:

George_updates

D'Integratioun mat windows ass och problemlos. Nierft eng Duebeler installatioun wou alles parallel ka laafen kann och ouni problemer vu Windows op ee Linux Server zougräifen.

Georges_wintegratioun

Eppes wat een dacks héiert ass dass Linux mei secher ass wei windows. Dëss aussoo kann een nemmen deelweis gëlle loossen. An der Secherheet ass et esou dass wat vun enger Platform am meeschten do ass, sech dei Criminell eischter op dei konzentreiren wei eng rand-plattform wei Linux. Dëse phenomän konnt ee bei firefox gesinn wou nodeem d'30% notzung duerchbrach waren och d'Attacken an d'luut gangen sinn. An genau esou ass et och bei Linux oder bei engem Linux ähnlechen system wei MAC OS X. Fir Komplett ze sinn muss een erwähnen dass Apple sech op BSD baséiert huet beim choix vun hierem Härzsteck, dem Kernel. An obwuel bei der secherheet ganz gut opgepasst ginn ass enner Linux huet och Windows 7 vill efforten gemaach an aus de feeler geleiert. Leider ass et awer nach emmer oft esou dass duerch d'vereinfachen vun verschiddenen Prozesser (zum Beispill d'automatescht starten vun engem Programm wann mer den USB Stick a stiechen) dëss vierdeeler vun viren oder ähnlechem ausgenotzt ginn fir op eis maschinnen ze kommne.

A wann mer der Däitscher Wikipedia Säit dierfe gleewen ass den 12 Oktober 1994 den Asteroid 9885 no Linux-Kernel benannt ginn.

D'Zukunft fir Linux an soss fräi beetriibssystemer ass do, d'Philosophie vum deelen an weiderginn ass net nemmen eng dei innovatioun schaaft mä sech och finanziell bewährt huet. Bleift oofzewaarden weini déi eischt grouss an ëffentlech Linux-Company zu Lëtzebuerg fouss faast.

Radio100k7-Temp-Oraire (last edited 2011-01-27 22:50:18 by ip-188-115-5-112)