This was my Third RadioShow for 100k7
http://www.localhost.lu/audio/NeiTechnologien_ep3_20100212_podcast.ogg
Text
Bonjour hei um 100.7. Mäi Numm ass Steve Clement an begleeden iech elo während 25 Minutten duerch d’Welt vun de néien Technologien.
Haut kucke mer eis un wat Green IT ass a wou mir kennen oppassen dass eis Informatik wierklech esou gréng ass wei dat soll sinn.
Donieft kucke mer eis un wat Virtualizatioun ass, a wäerte eng Flott Methode kenneléieren fir e-Banking nach e bësse méi sécher ze maachen.
Bei Green IT geet et dorëmmer Informatik Material an alles wat dozou gehéiert während senger Liewensdauer esou ëmweltfrëndlech wei méiglech ze gestalten.
Green IT huet 2 grouss pillieren:
- d'reduzeieren vum Strom bedarf vun all meiglechen elektronik geräter (Handy, computer, etc...)
- d'verantwortungs vollt hierstellen vun desen elektro geräter ouni eis emwelt ze vill ze belaaschten.
D'recycléieren vun dese geräter get doduerch erliichtert, dass ee keng schweier metaller oder soss gefteg materialien benetzt.
Allerdengs ass d'recycleieren nach ee ganz aanert thema an et ass emmer nees interessant wou eisen elektro schrott am end effekt nees op taucht, an daat ass all ze oft iergendwou an afrika oder china wou d'kanner entweder domadder spillen oder honger loun aarbeschter sech un eisem Muell vergeften.
Wann ee verschidden Green peace an ähnlech organisatiounen verfollegt dann gesäit een munchmol aktiounen wou GPS geräter am Schrott verstoppt ginn an daat GPS gerät Telefoneiert dann heem fir seng Positioun mat ze deelen.
Den grengen gedanken an der Elektronik Industrie gëtt et schon eng länger Zäit. Säit 1992 an Amerika an 2002 en der EU, gëtt et den Energy Star Label deen d'Stroumspuer Kriterien vun de Geräter fiergett.
Aus Onoofhaengeg studien ass eraus ze liesen, dass déi ganz Informatik weltwäit genau esouvill CO2 ausstéisst wei den Internationalen flug verkéier.
E Puer Zuelen:
ongeféier 6,8 Milliarden Mënschen liewen um Bloe Planéit dovunner hunn: 4.1Milliard een Handy An zu Lëtzebuerg hunn mer Laut dem World Factbook vun der Amerikanescher CIA 707'000 Handyien am ëmlaf. An dat bei knaps 490'000 awunner.
82% vun de Lëtzebuerg Famillen hunn dann och ee Computer doheem. Mä de Gréngen Gedanken soll lo net nëmmen deenen Leit no stoen déi um leschten Stand vun der Technik sinn mä all mënsch deen ee Fernseh oder och ee Fixen Telefon doheem stoen huet. Dat sinn ganz oft och kleng Computeren an hunn natierlech och missen hiergestalt ginn an fonktionnéieren Elektresch.
An Zukunft gëtt dat natierlech net manner mä éischter méi, wann mer un all déi nei (Spill)Saachen denken déi all Joer um Elektronik Marché optauchen.
Wat mer oft vergiessen ass den hierstellungs prozess vun eise konsum güter.
An deen ass bei Elektro Geräten emmer mat schweier metaller, verschidden gefter oder ähnlechem verbonnen.
Och während dem betrieb verursachen elektro geräter nett nemmen nervenden kommeidi mä och verchidden gefter ginn do ausgesteuss. Wann och nemmen an ganz klengen quantiteiten, mä se sinn awer present. Do gellt et dann sech op den hiersteller verloossen ze kennen dass hien senger säits alles meigleches gemeet huet fir dat ze verhenneren.
Ee Prominent Beispill ass Apple mat hierem iPod. Bis virunn e puer joer waren se nach d'enfant terrible wann et ëm d'Produktioun vun hiere gerÄter gaangen ass, an dunn op ee mol sinn se vunn haut op muer Greng ginn an hunn komplett op Bläi verzicht an dat mat ganz vill tam tam an nodeem de grouss deel vun de konkurrenten dat scho laang gemeet hunn. Et kann ee nemmen vermudden dass daat doweinst war dass et elo "Rentabel" ass op der grenger well ze surfen.
All ze oft kritt een d'Impressioun dass d'Geschäft mam Grénge Wuert awer mei em d'rentabiliséieren, wei ëm de ëmwelt schutz geet. Et kann ee bal soen dass den ëmweltschutz ee flotten niewen effekt vum Geldmaachen ass.
Ze oft kritt een d'Impressioun dass d'Geschäft mam Grénge Wuert awer mei em d'rentabiliséieren, wei ëm de ëmwelt schutz geet. Et kann ee bal soen dass den ëmweltschutz ee flotten niewen effekt vum Geldmaachen ass.
Beim kaaf vum Drocker soll een natierlech och oppassen dass dësen net zevill tënt verschwengst respektiv duerno beim gebrauch ëmmer iwerleen op een elo wierklech den e-Mail muss Printen oder et net awer um Schirm duergeet.
Wann d'enn vum liewen bei eisem computer bis komm ass, ganz oft ass dat schon no 3-4 Joer, gëtt et op den Tipp geheit.
1 tonne electro schrott kann bis zu 1.5kg Gold enthaalen. Donierft hunn mer awer och aaner wertvoll metaller wei zb:
Selver Koffer a Bläi
aner weider verwertbar materialien:
Zenn Eisen Aluminium Silicon Plastik
Toxesch materialien sinn och vierhanden an déi hunn oft uerg nierwe wierkungen:
Dioxiner verursacht: erheischten kriibs risiko an eventuel bleiwend schied um nerve system
Polychlorinat biphenyl (Platinen bestinn dorauser) Liewer problemer an haut irritatiounen
Cadmium Pneumonie an ähnlesch pullmonaire nieweneffekter
Radioaktiv isotoper VerStrahlungs gefoor
Queckselwer Heich gefteg an kann d'zentral nerve system ugraiffen a laang fristeg schiedegen
Bläi Bei langer expositioun kann amnesie optrieden an blutt vergeftungen vierkommen.
Een aneren Positiven volet deen mer bei Green IT hunn, Duerch d'verwenden vun comuter systemer kann een CO2 emmissionen spueren, Zum Beispill am Plaz op Bangladesh ze fleien fir de Meeting oofzehaalen, kann een einfach eng Video Konferenz vu Lëtzebuerg aus maachen. Esou Beispiller ginn et nach méi an do muss een einfach Kreativ sinn fir sech emol selwer ze iwerleen wei een ausserdeem nach CO2 kann am Alldag spueren kann.
Mä wat kann een elo maache fir sech berouegt mat senger Technik kennen ze ameséieren?
Nierft dem Internet wou ee natierlech Neutral analysen iwwer säin nächsten Oeko Laptop kann maachen, soll een och emol bei sengem Informatik Fach Betriib no froen.
De Marc Morocutti vun der Firma ION Network Solutions setzt sech Zënter der Grennung vun senger Firma mam Thema ausseneen. Hien Gesäit de Begrëff Green IT wei folgt:
MARC_TEXT_ 2:40
Zu Lëtzebuerg ass 2005 mat der Ecotrel een Organ geschaf gi wou duerch Beiträg op den Elektronesche Geräter d'Recyclen vun Elektresche Geräter an ärer Gemeng Gratis ginn ass.
Dat kennt doduerch dass bei all Gerät elo ee Klengen Zousatz bezuelt muss ginn deen dann Integral un ecotrel geet an déi Finanzéiert dann de Recycling Parc an ärer Gemeng.
Wat elo den Grengsten Computer ass erklärt eis nach emol den Marc Morocutti vun der Firma ION:
MARC_GREEN_9:45
De Claudio Mourato spéziliséiert sech op d'Informatik beim Privat gebrauch. Senger meenung no wär et Interessant eng analog plattform zum Oeko Pass bei der Informatik ze schaafen.
CLAUDIO_TEXT
Mä och wann mer Surfen gëtt Elektresch verbrauch. Nierft eisem Computer muss och Google & Co computeren hunn wou déi Milliarden un Informationen drop sinn. An do ass Green IT dann richteg wichteg. Facebook huet zum Beispill Momentan ongeféier 30'000 computeren. Des mussen natierlech staenneg un sinn well oeffnungszaiten fir stroum ze spueren kennt d'Internet net. Mä och wann mer eng recherche um Internet maachen leeft eisen CO2 compteur.
De Gréissten Rechenzentrum vu Google ass 2 Fussball Felder grouss an huet clima anlaagen déi iwwer 4 Stäckwierkeer grouss sinn.
Bei der Privat Firma google weess keen esou richteg wéivill Machinnen se hunn well Google mat der zuel ganz mysterieus emgeet, mä et sinn der warcheinlech méi wei 500'000 déi ongeféier 20 Mega Watt stroum verbrauchen an dat entsprecht 2 milliounen dollar pro mount.
Zu Cattenom Produzéiert 1 tuerm 1300 Mega Watt Heescht esou vill dass google 2% dovunner alleng nëmmen all mount verbrauche géif wann mer all hir machinnen géifen op Lëtzebuerg plenneren.
E puer Firmen déi wei google op d'Liwweren vun Informatiounen spézialiséiert sinn hunn do hir Nisch fonnt an dat ass engem déi Greng Sich Maschinn unzebidden.
Déi meeschten Green Search engines ginn sech dann och altruistesch.
Www.forestle.org an www.ecosia.org sinn 2 säiten déi iwwerzeegen dass de Stroum aus der wandmillen kennt an de site www.blackle.com huet décidéiert alles pre-dominant schwarz unzeweisen fir doduerch milliounen un Watten ze spueren.
Www.ecosia.org behaapt dass 2 quadrat meter pro recherche geschount gëtt an dat mat de Starke partner yahoo! an Bing an zesummen arbescht mat dem world wide fund for nature kuerz WWF.
Béis Zongen behaapten dass op google eng recherche den naemlechten enrgier vrebrauch huet wei 1h luut. Dobäi huet google awer och erneierbar energie Projet lafen. Wei den Google Power meter wou Privat Leit kennen analyseieren wei vill déi eenzel geräter verbrauchen. Des analyse kann ee bequem vu sengem Internet browser maachen, sech dann deem entspriechend upassen an duerno seng resultater mat aneren Leit deelen.
Vun engem gewessenen Hype kann ee schon beim GreenIT schwätzen. Den Loic Didelot vun der Firma Mixvoip spezialist fir Internet Telefonie huet och een deel vun senger Infrastruktur virtualiséiert.
LOIC_TEXT_HYPE LOIC_TEXT_VIRTUAL
Et ass zum deel och eis Sozial Responsabilitéit op ze passen dass mer ethesch korrekt Material kafen. De Loic Didelot.
LOIC_SOZIAL_FRO
Wou mer an Zukunft nach kennen Strom spueren erklärt den Här Didelot mat Intelligente Bus systemer.
LOIC_MORE_SAVING LOIC_INTELLIGENT_BUS
Wei ee gesäit spaant dat grengt Netz an der Informatik sech ganz wäit aus. An Zukunft kennen mer dann mat nach méi Intelligenten Haus Installatiounen rechnen dass wierklech den Optimum un energie gebrauch gëtt.
DEEL2
Fir elo stroum an wärtvoll Plaz an engem deieren Rechen Zentrum ze spueren, Benotzen Firmen wei google esou genannten Virtualiséierungs Technologien.
Mat Virtualiseierung kann een zum beispill an enger seperater fenster een 2ten kompletten Windows XP lafen hunn oder ee Linux fir ze testen.
Fiirwat dat Sënn mécht ass einfach: Wann mer ee Formel 1 Auto hunn deen extrem vill energie verbrauch, an eisem fall eise PC oder Mac deen am Moment fir den Alldaag souwisou iwwer dimensionéiert ass, mer awer un sech de ganzen Zäit nëmmen an enger zone 50 fueren, mécht déi Power kee Sënn. Dofier huelen mer déi Kraaft vum Formel 1 an deelen se esou op wei et eis gefält fir energie an ressourcen ze spuere.
De Marc Morocutti erklärt eis wat et mat der Virtualiséierung esou ob sech huet.
MARC_TEXT
Virtualiséierung fir de Privat gebrauch ass och am Kommen. Déi leit déi ee Mac doheem hunn wëssen vläit dass ee Parallel ee Windows System um Mac kann lafen hunn. Dat erméiglecht engem d'Software Parallels oder VMWARE Fusion. Dat fonktionnéiert natierlech och mat anere Betriibsystemer wei Linux.
Mä opgepasst bei nëtt fräien Betriibsystemer, hei muss ee fir all Virtuell Maschinn déi jeweileg Lizenz nokaafen. Bei Linux an aneren Fräie Betriibsystemer spillt dat natierlech keng roll well do d'Lizenz ee souguer encourageiert fir et esou oft wei ee well ze installéieren.
Eng vlott Fräi Software wou een mat der Virtualisatioun kann ufänken ass den Virtual Box.
Dëse programm kritt ee fir Windows Mac a Linux Gratis um Internet ënner:
www.virtualbox.org ze Downloaden.
Hei nach een einfachen Tipp fir den E-Banking méi Sécher ze maachen. Wann een sech elo esou eng Virtuell Maschinn uleet kann ee op ganz einfach art a weis säin Aktuellen System vum WebBanking Trennen. Et kann ee sech dat esou virstellen dass de Webbanking elo an enger Sand këscht fonktionnéiert. Et versteet sech vum selwen dass mer elo an eisem „Vitruellen“ Webbanking Environnement keng zousätzlech netzlos programmer installéieren an scho guer net dësen benotzen fir Surfen ze goen, well do lafen mer dann erëm de Risiko dass mer eis Infizéieren an ee Trojaner oder änlech menace eis Banking Informatiounen Klaut.
An dat fonktionnéiert dank Virtual Box net nëmmen bei engem Mac mä och bei engem Windows oder Linux PC. A vue dass den Virtual Box ënner enger OpenSource Free Software Lizenz steet dierf een et Gratis benotzen.
Wat elo verschidden typen vun virtualiseierung ugeet kann ee souen dass mer kennen ennerscheeden zwëschen:
Voller Virtualisatioun (do ass alles an sengem eegen Betriibsystem Virtualiséiert an d'maschinn ass exklusiv vir aner virtuell maschinnen ze gebrauchen) Hardware Ennerstetze virtualisatioun (do brauch een just ee programm deen engem virtualisatioun ubidd, an et kann ee seng maschinn normal weider benotzen) Den 3ten typ ass um niveau vum Betriibsystem, wou een dann Container baseiernd systemer huet. Dat ermeiglecht de Webhoster zum beispill fir ganz schnell an einfach dausenden vun Internet Säiten op enger Physecher machinn ze hosten ouni vill ressourcen ze verbrauchen an dat bei optimaler leeschtung.
Firmen sinn och stänneg am gaangen ze reconcillieren. Bei esou enger Aktioun kann een dann 5 servicer op 5 separaten maschinnen, ganz prakteshc an 5 Virtuelle Plattformen op enger eenzeger Maschinn ennerbrengen. Bei esou enger Reconcilliatioun spuert een natierlech net nëmmen am Budget, wou een elo nëmmen nach eng performant maschinn muss viergesinn, mä och am elektresch verbrauch an do seet d'natur dann Merci.
Dann nach een Tipp vum Spezialist un d'Firmen dobaussen déi sech elo méi no fir d'Virtualisatioun an reconcilliatioun vun Computer Systemer interesséieren:
MARC_TEXT
Am end effekt soll een einfach e bëssen oppassen wat ee keeft an op et net alternativen ginn fir den eventuellen kaf vun engem zousatzgerät ze evitéieren. Ausserdeem soll een sech bewosst sinn dass alles iergendwou recycléiert gëtt, dohier ass et ëmmer interessant sech fir de Liewenslaf vun engem Gerät ze interesséieren, an wann eng firma onserieux mat der ëmwelt ëmgeet des évitéieren.
Links:
http://de.wikipedia.org/wiki/Green_IT http://www.greenpeace.org/apple/itox.html http://www.progroup.eu/index.php?id=87 http://www.greenpeace.org/apple/#
Et kann ee ganz vill maachen wann et ëm de Schutz vun der Natur geet an dëse Magazinn huet iech hoffentlech e puer dieren op gemeet dass der iech besser zu Recht fannt.
http://greentonebits.com/links/
localhost wiki